Zum Haaptinhalt sprangen
Du bass hei:

News




Konschtausstellung 8. Mäerz 2025

Hei ee klengen Reckbleck vun de Konschtwierker vun eisen Schüler wéi se op der Ausstellung ze gesi waren.

Ee grousse Merci u jiddereen dee kuke komm ass!

Detailer ueweisen

Konschtausstellung 08.03.2025

Kietschter Schoulkanner hunn sech vill Méi gemaach a lueden Iech häerzlech a fir hir Konschtwierker den 8. Mäerz an den Hall an an d' Klassesäll vun der Schoul ob Kietscht bewonneren.

Wéini? 09h00-13h00

Och fir d Gedrénks an de klengen Honger ass gesuergt

Detailer ueweisen

Alles Guddes am neie Joer!

Di ganz pädagogisch Ekipp aus der Kietschter Schoul wënscht hiere Schüler an hierer Famill ee schéint neit Joer, eng gutt Gesoundheet an vill schéi Momenter zesummen!

Detailer ueweisen

Chrëschtmaart, 13.12.2024

Chrëschtmaart zu Kietscht am Schoulhaff, vun 16h-19h

  • Verkaf vu Gebastels aus der Crèche, Schoul a Maison Relais
  • Um 17h ass een Optrëtt vun der Maison Relais.
  • Fir Iessen & Drenken ass gesuergt.

Den Erléis gëtt un de Kannerwonschbam gespend

Detailer ueweisen

Lego Spike an der Schoul

Aktuell leeft ee Projet am Cycle 3 wou d'Schüler no an no gesinn, wéi een ee Roboter programméiert.

Mat Hëllef vu Lego Spike bauen d'Schüler ee Roboter zesummen.

Am Virfeld hunn si gesinn, wéi déi eenzel Elementer funktionéieren.

Nodeems de Roboter gebaut war, hunn d'Schüler sech iwwerluecht, wéi si dësen verbessere kennen, soudass e méi séier gëtt. Dofir hunn si dem Roboter seng Bee verännert.

Weider Fotoen an Texter vun de Kanner, fannt Dir am aktuelle Buet vun der Gemeng Rammerich.

Detailer ueweisen

Bibliothéik

Léif Schüler a léif Elteren,

Wann Dir wëllt wëssen op ee bestëmmten Buch bei eis an der Schoulbibliothéik ass an op et grad verfügbar ass, da gitt gären uewe bei "Bibliothéik" kucken an notzt eis Sichfunktioun.

Detailer ueweisen

OneDrive fir eis Schüler

Säit dësem Joer notzen de Cycle 3 a 4 den OneDrive fir Dateien a Fotoe vun de Schüler ze späicheren. Mat Hëllef vun dëser Cloud, hunn d'Kanner och doheem Accès op hier Aarbechten. Fir weider Informatiounen, kennt Dir Iech gären un den Enseignant wenden oder un de Responsabel informatique vum Cycle 3 a 4 (marianne.kellen@education.lu).

An der Spéngel (wann Dir op dës News klickt) fannt Dir een Dokument wou erkläert ass, wéi d'Kanner sech kennen an an ausloggen.

Detailer ueweisen

Materialslëschten 2024-2025

Dir fannt d Materialslëschten fir d'Schouljoër bei "PDF Dokumenter" ob der Haaptsäit an hei am Link

Detailer ueweisen

Summerschool 2024

Gratis Widderhuelungsdossiere (vum Cycle 2.1 bis 4e) fir an der Vakanz (vum 14. Juli bis de 15. September) individuell doheem ze schaffen oder an de Widderhuelungscoursë vum 4. bis de 14. September an de Grondschoulen an an de Lycéeën.

Des dossiers de révision gratuits (du cycle 2.1 jusqu’à la 4e) pour réviser en autonomie pendant les vacances (du 14 juillet jusqu'au 15 septembre) ou lors des cours de rattrapage dans les écoles fondamentales et les lycées du 4 au 14 septembre.

Kostenlose Übungshefte (von Zyklus 2.1 bis zur 4e) zum selbstständigen Wiederholen während der Ferien (vom 14. Juli bis zum 15. September) oder während der Nachhilfekurse in den Grundschulen und Gymnasien vom 4. bis zum 14. September.

Detailer ueweisen

Opfrëschungscourse fir Cycle 2-4

D' Gemeng Rammerëch organsiséiert GRATIS Opfrëschungscourse vum 2.-13. September vun 9-11h

Unmellen bis den 9.August

Detailer ueweisen

Grouss Vakanz



De ganze corps enseignant wënscht alle Kanner eng ganz schéi Vakanz !

Le corps enseignant vous souhaite de bonnes vacances!

Detailer ueweisen

Kietschter Schoulfestlaf - 12. Juli 2024

Oflaf Schoulfest


14h Laf vun de Schoulkanner


Dëse Laf ass fir all Schoulkand gratis an ouni Umeldung a gëtt vun der Schoul assuréiert.

D’Elteren duerfen hier Kanner awer ufeiere kommen:

  • Eltere vu Kanner aus dem C1 am Schoulhaff vum C1

Eltere vu Kanner aus dem C2 – C4 beim Fussballsterrain

Départ
C1 14h15
C3 14h15
C2 14h35
C4 15h00


!! D’Kanner si bis 15h55 ënnert der Surveillance vun den Enseignanten. D’Elteren si just Supporter

15h30 Präisiwwerreechung fir d’Schoulkanner

16h00 Ufank vum Schoulfest


D’Kanner ginn entweder vun den Elteren ofgeholl, ginn an d’Maison relais oder klammen an de Bus (sou wéi mam Enseignant virdrun ofgemaach).

Ab 15h55 sinn d’Kanner ënner der Surveillance vun den Elteren/Responsabelen.

!! Iess- a Gedrénksbuden, souwéi d‘Animatioun um Terrain si réischt ab 16h00 op fir de Publique.


16h00 bis 16h45 Ofhuele vun den Dossarden am Schoulhaff beim Fussballsterrain.


17h00 Schoullaf fir Jiddereen

→ Course iwwer eng Streck vu 5 km um Site vun der Kietschter Schoul (ronderëm an duerch d’Gebai)

Fir de Laf muss een sech am Virfeld umellen. Informatiounen zu dëser Umeldung fannt Dir weider ënnen.

18h00 Präisiwwerreechung

19h30 Ofschloss vun de Festlechkeeten

Umeldung fir de Laf um 17h00

→ 5€ Participatioun pro Leefer


· Elteren/Famill: per Formulaire beim Enseignant.

All Schoulkand kritt vum Enseignant en Ziedel fir d’Umeldung mat den néidegen Informatiounen.

Opgepasst: wann äert Kand hei nach eemol wëll matlafen, muss et och ugemellt ginn a bezilt och 5€.


· Fir all aner motivéierte Leefer:


→ per Email op schoulfest@schoul-kietscht.lu mat den Nimm vun de Leefer

→ an der Iwwerweisung vum Startgeld op de Kont: LU47 0090 0000 1179 9400
mam Vermierk Numm_Unzuel Leefer_Schoulfestlaf

Umeldung bis de 5. Juli


Gutt ze wëssen :


- Duschméiglechkeeten sur place (awer keng Garderobe fir d’Wäertsaachen)

- Participatioun op eege Responsabilitéit

- D’Startgeld gëtt integral fir de gudden Zweck gespent

Déroulement de la fête scolaire


14h Départ de la course des élèves


Cette course se déroule dans le cadre scolaire. Elle est gratuite pour les élèves, ils
n’ont pas besoin de s’inscrire. Les enseignants assurent la surveillance.


Les parents peuvent venir encourager leurs enfants :

  • les parents des élèves du C1 dans la cour du C1
  • les parents des élèves du C2 – C4 près du terrain de foot

Départ
C1 14h15
C2 14h15
C3 14h35
C4 15h00




!! Jusqu’à 15h55, les enfants sont sous la surveillance des enseignants. Les parents ne
sont que des spectateurs.


15h30 Remise des prix aux élèves

16h00 Ouverture de la fête scolaire


Les enfants sont récupérés par leurs parents, vont à la maison relais ou prennent le
bus (comme convenu avec l’enseignant en charge). Après 15h55, les enfants sont
sous surveillance des parents/du responsable.

!! Restauration et animation sont ouvertes au public à partir de 16h00.

16h00 à 16h45 Retrait des dossards dans la cour scolaire près du terrain de foot

17h00 Départ de la course scolaire pour tout le monde

→ Course sur une distance de 5km sur le site de l’école de Koetschette (autour et à
travers le bâtiment).

→ Inscription préalable nécessaire. Veuillez trouver les informations ci-dessous.

18h00 Remise des prix aux gagnants

19h30 Fin des festivités

Inscription pour la course de 17h00


→ participation de 5€ par coureur

  • parents/famille : par formulaire auprès des enseignants


Les formulaires d’inscription avec les informations nécessaires sont distribués aux
élèves.


Attention : les élèves qui souhaitent participer à la course de 17h00, doivent être
inscrits et payer les frais d’inscription de 5€.

  • pour tout autre coureur motivé :

→ par e-mail à schoulfest@schoul-kietscht.lu en indiquant les noms des coureurs


→ et par le virement des frais d’inscription sur le compte: LU47 0090 0000 1179 9400

Mention: nom_nombre des coureurs_Schoulfestlaf


Inscription jusqu’au 5 juillet


Bon à savoir :

  • douches sur place (pas de vestiaire pour les objets de valeur)
  • participation à vos propres risques
  • les recettes seront versées à une bonne cause
Detailer ueweisen
Nächst Lescht